Skip to main content
Chambre des
fonctionnaires et employés publics
Fir ee faire Spillraum
am ëffentlechen Déngscht.
Chambre des
fonctionnaires et employés publics
Fir ee faire Spillraum
am ëffentlechen Déngscht.
Wee si mir?


D'Chambre des fonctionnaires et employés publics gouf 1964 gegrënnt a vertrëtt zënterhier all d'Mataarbechter aus dem Secteur public zu Lëtzebuerg.

Wat maache mir?


Mir stinn hannert de Mataarbechter vum ëffentlechen Déngscht fir hir Stëmm ze vertrieden.

5 Haaptmissioune vun der CHFEP
Sozial Konditioune verbesseren

Mir kënnen all Initiativ schafen an ënnerstëtzen, déi d'Liewensqualitéit vun de Mataarbechter aus dem Secteur public verbessert.

Gesetzinitiativ
Mir schloe Reforme vir, déi vun der Regierung analyséiert a virun d’Parlament bruecht ginn.
Stellung zu Gesetzesprojeten
Mir ginn zu all legislativem a reglementareschem Text gefrot, deen d'Mataarbechter aus dem Secteur public direkt betrëfft.
Interessevertriedung vum Personal
Mir schützen di materiell a moralesch Interessen vun eise Ressortissanten a suergen dofir, datt d’Gesetzer a Reglementer respektéiert ginn.
Iwwerwaachung
Mir iwwerwaachen, datt d’Examen an der Fonction publique nom besteeënde Recht oflafen an datt all Kandidatene de selwechte Konditiounen ënnerläit.
Wee profitéiert vun der CHFEP-Affiliatioun?


All Mataarbechter vum ëffentlechen Déngscht, egal ob aktiv oder a Pensioun, ass automatesch bei der CHFEP affiliéiert.

Ronn
64000

Mataarbechter am Déngscht
vun der Allgemengheet

Chambre des fonctionnaires et employés publics
Mir sti fir jiddereen an,
deen am ëffentlechen Déngscht
am Asaz ass oder war.

© 2024 Chambre des fonctionnaires et employés publics